Skip to content

Fernand Kneip, transplanté du rein (LU)

Ech hat eng Nierekrankheet, déi mir bis zum Alter vun 46 Jar keng gréisser Probleemer gemach huet.

Mee duerno hunn ech während 3 Jar ëmmer méi oft schwéier Nierenentzündungen kritt, déi derzou gefouert hunn, dass ech den 26ten September 2001 meng zwou Nieren rausoperéiert krut am CHL vum Dr Stanislas Lamy a senger Equipe.

Bewosst war mir, dass ouni Nieren, ech misst an d’Dialyse goen. Angscht hat ech eigentlich virun der Dialyse nët, well ech dat ëmmer als eng Zwëschestatioun gesinn hunn a mäin Ziel, meng Hoffnung, ëmmer eng Nieren – Transplantatioun war.

Mee bis dohin sollt lo d’Dialysemaschinn fir déi nächst Jaren meng Nieren ersetzen an duerfir war et besser si gläich als mäin Liewensretter ze gesinn a si als Frënd ze akzeptéieren, 3 x an der Woch während 4 Stonnen.

Ouni Zweiwel ass d’Dialyse eng wonnerbar Alternative fir kënnen weider ze liewen.

Fir vill aner schwéier Krankheeten huet een haut nach keng sou eng Ersatzléisung.

Lues a lues ass d’Dialyse zur Routine ginn an ech hat mech dorop agestallt, dass bestëmmt déi nächst 4 bis 6 Jar, ech misst waarden ier ech eng nei Nier kënnt kréien. D’Dialysestatioun am CHL mat hirem excellent geschulten a frëndlechen Personal ass een Deel vu mengem Liewe ginn an ech hu mech do ëmmer wuel gefillt, trotz allen Aschrénkungen, di d’Dialyse mat sech bréngt. Ech wëll domatt soen, datt een mat der Dialyse iwerliewe kann, mee erëm richtig liewen kann ee richt no enger Transplantatioun.

Et koum ganz anescht wéi geduecht. Den 23ten Dezember 2002 war ech an der Dialyse. Den Telefon huet bäi den Infirmièren am Büro gerabbelt an no engem kuerzen Gespréich, wat ech natiirlech nët verstanen hunn, ass mir duerno eng gewëssen Nervositéit bäi den Infirmièren opgefall.

Kuerz duerno, rabbelt den Telefon rëm an d’Infrmière kënnt mam Telefon bäi mäi Bett a seet : Hei wëllt een mat Eech schwätzen. Déi aner Säit war den Coordinateur vun Luxembourg Transplant a seet : Mir hunn eng Nier fir Iech. Ech konnt et nët gleewen, ass dat wierklich sou ? Jo ! D’gesamt Dialysepersonal vun deem Owend stung an der Zwëschenzäit bäi mir bäim Bett an hunn all gegrinst an et huet een hinnen och d’Freed am Gesiicht ofgesinn. Fantastesch, eng Nier fir mech, ee 6ser am Lotto an dat nëmmen no 15 Méint Dialyse. Ech war iwerglécklich a meng nächst Reaktioun war natiirlich fir doheem unzeruffen an déi grouss Noricht matzedeelen. Si waren all aus dem Häischen an Tréinen sënn op béid Säiten gefloss.

Deen Dag duerno, dënsdes, den Dag vum Réveillon, den 24ten Dezember 2002, moies um 10 Auer 30 sinn ech an den Operatiounssall gefouert ginn. Den Dr Stanislas Lamy a säin Team vum CHL hu mech operéiert.

Wéi ech op der Intensivstatioun erwächt sinn, krut ech déi schéinsten Noricht : Alles ass gutt verlaf, är nei Nier fonktionéiert perfekt.

Méi ee schéinen Chrëschtdagscadeau kann een sech wirklech nët wënschen, hunn ech geäntwert.

Déi Gefiller an déi Freed déi een dee Moment huet, kann een nët a Wierder beschreiwen. Nëmmen 10 Deeg war ech an der Klinik an 3 Méint no menger Transplantatioun war ech rëm sou gutt, dass ech konnt schaffe goen a meng fréier Arbecht rëm konnt ouni Probleemer ophuelen.

Mat der Transplantatioun krut ech wirklich een zweet Liewen geschenkt a meng perséinlich Fräiheet erëm. Iessen an Drénken hu rëm Freed gemach, ech konnt erëm richtig matmaachen an der Famill, an der Gesellschaft an am Beruff. Ech hunn eng ganz grouss Freed an Zefriddenheet ëmpfonnt.

Mee virun allem entdeckt een eng ganz aner Dimensioun vu Respekt virun der nei geschenktener Gesondheet a Liewensqualitéit, virun dem Fortschrëtt vun der Medezin, der Kompetenz vun äisen Dokteren, Chirurgen, Infirmièren an Infirmierën ; an de groussen finanziellen Leeschtungen vun äisem solidarischen Krankekees-system, dem Bäitrag vun allen Matbierger.

Mee iwert all deem steet den Organspender, deem een wierklech säin Weiderliewen ze verdanken huet.

Ech hunn eng Nier kritt vun engem Mënsch deen ech ni kannt hunn, mee hien hat sech an engem bestëmmten Moment vun sengem Liewen décidéiert Organspender no sengem Doud ze ginn.

Hien wosst, datt en nët derbäi wäer wann säin Don iwerreecht gëtt, am Géigendeel, hee wosst datt seng Famill a seng beschten Frënn an deem Moment bäi him ginge stoen a kräischen, well ee gudden Mënsch aus hire Reien gerappt ginn ass.

Duerfir kann ech senger Famill a Frënn nëmmen soen, datt si ee schrecklicht grousst Leed erfuer hunn, mee datt si ee Mënsch verluer hunn, deen nach ëmmer weiderlieft, deen e puer gutt Frënn fonnt huet, déi hien nimools wärten vergiessen an déi säin Don, säi Geschenk hiert ganzt Liewen laang bei sech droen an als dee gréissten Cadeau ugesinn, deen ee sech ënner Mënschen ka maachen.

Mir Transplantéierter, sinn dësen generéise Persounen zu groussem Dank an Unerkennung verpflicht, well hir gespenten Organer hunn äis Krankheet geheelt an äis een neit Liewen geschenkt.

Duerfir als ee klengt Zeechen vu MERCI u mäin onbekannten Spender, sinn ech Member ginn bäi Protransplant.lu fir matzeschaffen, dass den Don d’organes, den Passeport de vie bäi sech ze droen, eng Selbstverständlechkeet gëtt, dass d’Leit besser informéiert ginn a keng Angscht méi brauchen ze hunn, nët als Spender an nët als Empfänger.

Meng Hoffnung ass, datt geschwënn kee méi muss stierwen, well et u Spenderorganer feelt.

Vous souhaitez nous soutenir ?