Owen, 17 ans, en attente d’un rein, témoignage par son père (LU)
Dënschden, 18. Dezember 2018. Een Dag, dee mir ni méi vergiesse wäerten. Jidderee war well a Chrëschtdagsstëmmung. Moies sollt ech just mam Owen, mengem 17järege Bouf, an eng Kontrollbluttanalyse, well en keen Appetit hat an ëmmer midd war.
Mëttes op der Schaff huet op eemol mäin Telefon geschellt. Et war onsen Hausdokter, dee voller Panik mir gesot huet, mir missten direkt mam Owen an d’Klinik fueren, well en grousse Problem mat sengen Niere wier.
Dat éischt Resultat war komplett Niereversoen. Ee Schock, deen ageschloen huet wéi eng Bomm. Et gouf ni en Unzeechen dovun. Vun engem Dag ob den anere war alles anescht.
No sëllechen Tester, Biopsien a Bluttanalyse koum den zweete Schock: Hyperoxalurie Primitive Typ 1, och nach Oxalose genannt. Eng genetesch bedéngten Erkrankung déi ënner anerem seng Liewer staark geschiedegt huet.
Wat heescht dat elo konkret? Den Owen brauch elo dringend eng nei Liewer oder e Stéck vun enger Liewer an duerno eng nei Nier. Am Moment muss den Owen all Dag 4 Stonnen an d’Dialyse. Nëmmen duerch eng Liewertransplantatioun kann hien iwwerliewen.
Aktuell ass Schoul fir hie leider net méi méiglech, well hien einfach dofir ze schwaach ass.
Als Mamm a Papp brécht eng Welt zesummen. Mier kënne just onse Jong ënnerstëtzen an awer sinn eis d’Hänn komplett gebonnen. All Dag sti mer op an denken un onse Jong, fäerten all Dag em onse Jong a ginn an d’Bett an denken un en. Ons Gedanken si just nach bei him. Et vegetéiert ee just nach duerch den Alldag. All Freed ass verluer. Mier fäerten em d’Liewe vun onsem Jong. Déi Zäit vum 18. Dezember bis haut war einfach grausam .Mier kéinten nonstop kräischen an awer hëllefe mer onsem Jong domat net. Et ass esou eng onbeschreiflech Péng, déi een als Eltere kengem wënscht.
E grousse Merci geet awer un eis ganz Famill, eis Frënn, Aarbechtskollegen a mäin Patron, déi an dëser schwéierer Zäit fir eis do sinn.