Skip to content

D’Organ­transplantatioun, wat ass et genau?

D’Transplantatioun ass en Agrëff, bei dem e krankt Organ (Empfänger) duerch e gesond Organ (Spender) vun enger hierdouder Persoun ersat gëtt.

D’Organspend
kann d’Liewe verlängeren

Äre
Passeport de vie kréien

Dir hutt entscheet Organspender ze ginn a mir sinn Iech vu ganzem Häerzen dankbar.

Dir kennt Äre Passeport de vie online ufroen andeems Dir den offiziellen Online Formular vum Gesondheetsministère ausfëllt.

D’Associatioun Protransplant zu Lëtzebuerg

Protransplant ass eng ASBL, déi den 23. Oktober 2011 vun enger Grupp vu Patienten, transplantéierte Persounen, a Fleegepersonal gegrënnt gouf.


Eise But ass et, d’Organspend zu Lëtzebuerg ze promouvéieren a virun allem e frëndlecht a solidarescht Ëmfeld an Ënnerstëtzung fir transplantéiert Persounen, hir Familljen a Patienten déi op eng Transplantatioun waarden, ze schafen.

Wëllt Dir Protransplant

ënnerstëtzen oder Member ginn?

Dir waart op eng Transplantatioun, sidd transplantéiert,
wëllt eisen Zweck ënnerstëtzen oder Member vun eiser Associatioun ginn?
Är Memberschaft bei Protransplant ass wëllkomm.

Et ginn aner Weeër fir eis ze ënnerstëtzen.
All Beitrag, egal wéi en ausgesäit, ass wäertvoll a mir soen Iech dofir häerzlech Merci.