Skip to content

Wat ass d’Organspend?

Alles wat een iwwert d’Organspend wësse muss

D’Organspend,
wat ass et genau?

Konkret erméiglecht d’Organspend eng Transplantatioun: en Agrëff, bei dem e krankt Organ duerch e gesond Organ vun engem Spender ersat gëtt. D’Organspend verlängert d’Liewen.

Wéi kann een
Organspender ginn?

Äre Passeport de vie kréien

Dir hutt entscheet Organspender ze ginn a mir sinn Iech vu ganzem Häerzen dankbar. Dir kennt Äre Passeport de vie online ufroen andeems Dir den offiziellen Online Formular vum Gesondheetsministère ausfëllt.

Dir kënnt Iech de Passeport de Vie och direkt beim Gesondheetsministère ufroen, bei ärem Hausdokter oder an der Apdikt. Wann Dir dëse bis kritt an ausgefëllt hutt, sollt Dir en ëmmer bei Iech droen.

Dir kënnt des Entscheedung och an ärem « dossier de soins partagé » (DSP) offizialiséieren. Et ass ganz wichteg dës Entscheedung sengen enkste Familljemembere viru sengem Doud matgedeelt ze hunn, fir datt dës respektéiert gëtt.

D’Organspend
zu Lëtzebuerg

Wat seet d’Gesetz zur Organspend?

Säit dem 25. November 1982 huet de Grand-Duché vu Lëtzebuerg e Gesetz iwwert d’Explantatioun vun Organer a mënschlecht Geweebe. Et ass am Mémorial A vum 3. Dezember 1982 publizéiert ginn. Dësem Gesetz no ass all Awunner aus dem Grand-Duché e potenziellen Organspender, dat heescht dass d’Organer an d’Geweebe nom Doud, vun all Persoun déi hiere leschte legalen Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hat an déi net zu Liefzäite schrëftlech hire Refus fir eng Explantatioun matgedeelt huet, kënnen explantéiert ginn. Et besteet dohier eng Solidaritéitsvermutung (Présemption de solidarité), no därer een dovun ausgeet dass jiddereen, dee sech net zu Liefzäiten dogéint ausgeschwat huet, bereet ass seng Organer no sengem Doud ze spenden.

Source: Ministère de la Santé