Skip to content

Alain Huberty, 32 ans, greffé du rein (LU)

Et ass net einfach als jonke Mensch mat schlëmme Gesondheetsproblemer konfrontéiert ze ginn.

Wëll meng Nieren duerch eng Krankheet geschiedegt goufen, hunn ech missen 3 Joer an d’Dialyse goën.

Dat woar eng laang, haart Zäit an där ech een progressiven Declin physech wie och mental hat.

Ech konnt et bal net gleewen, wi ech am November 2014 d’Noriicht krut, et géif eng kompatibel Spendernier fier mech zur Verfügung stoën.

D’Transplantatioun ass ouni gréisser Komplikatioune verlaf, an ech kann am Fong  ganz normal liewen an erem sportlech ganz aktiv sinn.

Ech sinn dem Spender an senger Famill extrem dankbar, dass hien mat sengem Don mir en neit Liewen ermeiglecht huet.

Vous souhaitez nous soutenir ?