Skip to content

Elisabetha Holzmacher, 21 ans, en attente d’un rein (LU)

Mäi Numm ass Elisabetha Holzmacher, oder wéi meng Kolleege soen d’Lis, an ech hunn 21 Joer.

2015 gouf bei mir eng schwéier Nierekrankheet diagnostizéiert. 2018 hunn meng Nieren dunn ganz versot.

Wéi eent vu fille sinn ech elo 3mol d’Woch 3-4 Stonnen an der Dialyse a waarden op eng liewesnoutwenneg Organspend. D’Dialyse, och nach als Bluttwäsch bekannt, zitt d’Gëftstoffer aus mengem Blutt, déi meng Niere selwer net méi erausfiltere kënnen.

Vill Stonnen hunn ech bis elo well an der Dialyse verbruecht, déi ech sécherlech anescht hätt wëllen notzen. An awer sinn ech dankbar, well ech weess, dass ech ouni Dialyse well net méi liewe géif.

Wéi laang ech op en Organ waarde muss, ass net kloer, well et leider nach ëmmer net genuch Organspender ginn. Ech waarden also elo all Dag 24 op 24 Stonnen op den 1 erléisenden Telefonsuruff wou et heescht : „Mir hunn eng Nier fir dech“.

Ech hunn ni geduecht, datt ech eng Kéier an des Situatioun kéim, an awer war vun engem op den aneren Dag mäi Liewe ganz anescht.

Dofir maacht iech är Gedanken iwwer d’Organspend, trëfft ären Choix um Passeport de vie an deelt en ären Léifste mat.

Vous souhaitez nous soutenir ?