Skip to content

Kim, 17 ans, donneur d’organes – témoignage par sa mère Tania (LU)

Mäin Numm ass Kim Jedrysiak an ech sinn den 9.Januar 2019 am Alter vun 17 Joer gestuerwen. Mäin Liewen war wéi dat vun engem aneren. Ech war en leidenschaftlechen an engagéierten Pompjee beim CIS zu Housen, an der Landjugend Furen ëmmer dobäi an wéi jiddereen an mengem Alter sinn ech an Schoul gaangen. Wat dunn geschitt ass erzielt Iech elo meng Mamm Tania.

Freiden 4ten Januar 2019: Mir hunn mettes zesummen giess an mäin Jong war bei den Coiffeur. Een flotten Dag an der Famill wéi mir se ëmmer gären haten. Owes huet mäin Mann den Kim op en Gebuertsdag gefouert. Um hallwer 10 hunn ech em eng SMS gemaach fir ze froen ob alles an der Rei wier. Well keng Äntwert koum hunn ech em um 10 Auer nach eng kéier geschriwwen. Eng Frëndin vun him huet mer geäntwert. Dem Kim géing et net gutt an en hätt eng Aart Zuckungen.
Direkt sinn bei mir Alarmklacken ugaangen an d’Ambulanz an den Samu gouf verstännegt.
2015 gouf beim Kim eng Maladie Rare festgestallt déi medezinesch therapéiert war. Mir war lo kloer dass eppes net stëmmen géif.
Ech hat en schlecht Gefill bei der Saach an sinn direkt mat mengem Mann an Klinik gefuer. Do koum hien no puer Ënnersichungen op d’REA.
Samschden 5ten Januar 2019: Um Wee fir bei den Kim op REA huet den Dokter eis ofgefaange an eis matgedeelt dat hien intubéiert misst ginn. Direkt hat ech ënnerlech Gefill dat daat ganzt net gutt ausgoen géif.

Am Laf vum Mëtten gouf eis matgedeelt dat eisen Jong am fréien Mëtten wuel en Schlaag gemaach hätt an hien direkt mam Helikopter an den CHL transferéiert misst ginn.
Ech gesinn elo nach den Dokter an sengem wäissen Kiddel op eis duer kommen an en eis gesot huet datt et eng ganz dramatesch Saach wir. Direkt soten mir Sie sollen alles maachen wat an hirer Muecht wier fir eisem Kim hëllefen ze kennen.
Nach den selwechten Dag gouf him en Stent am Kapp agesat. Déi ganz Situatioun war wéi eng Lawine iwwert eis ageschloen.
Sonnden 6ten Januar 2019: Zréck op der Intensiv huet den Kim eng Hierenschwellung gemaach wou direkt eng Drainage fir den Drockofbau huet missen geluecht ginn.
Méinden 7ten Januar 2019: Um 1 Auer Mettes huet den Telefon geschellt. Et war d’Klinik. Situatioun vum Kim gouf ëmmer méi dramatesch huet den Dokter eis gesot. Mat der Famill an Kolleegen sinn mir direkt bei hien gefuer.
Situatioun war aussiichtslos. Gehierfunktioun huet ëmmer méi ofgebaut gehat.
Mäin Mann huet den Dokter gefrot: Eisen Kim wollt ëmmer seng Organer Spenden. Ass dat méiglech?

Virun puer Joren hat mäin Mann an ech eng Kéier iwwert dem Iessen iwwer d’Organspend mat dem Kim geschwat. Séier hat sech erausgestallt dat daat fir hien evident wier dat hien seng Organer spenden wéilt.
Et war eis kloer dat Dokteren näicht méi kéinten fir eisen Kim maachen dofir war eis ëmsou wichteg dësen letzten Wonsch vun him erfëllen ze kënnen.
Mëttwoch 9ten Januar 2019 : Den Kim huet eis fir ëmmer verlooss.
Mir als dem Kim seng Elteren waren frou datt mir mat him iwwer dëst esou wichtegt Thema am viraus geschwat haten. Eis huet et immens fill Gehollef ze wëssen wat him säin letzten Wellen war an mir waren frou him den nach erfëllen ze kënnen. De Kim war bis iwwer säin Doud eraus en engagéierten an Hëllefsbereeten Mënsch.

Merci Kim fir déi schéin Zäit déi mir mat dir haten.
„Immer für alle da gewesen,
immer das Beste gewollt,
immer das Beste gegeben,
wir haben das Beste verloren.“

7.05.2001- 9.01.2019

Vous souhaitez nous soutenir ?