Skip to content

Sonja Theisen, transplantée du rein (LU)

Sylvester 1992/93 ech wor deemols 31 Joer al, huet et ugefaang mat Halswéi, Féiwer an Blut am Urin no verschiddenen Analysen duerch d’ganzt Joer an enger Biopsie stoung et fest, d’Hallschent vun den Filterzellen vun den Nieren si schons futti, dir hudd eng IGA NEPHRITE (MALADIE DE BERGER). Mol fir d’alleréischt e grousse Schock. Jo, mee kann een do näischt maachen? Nee, dat ass irreversibel. D’Filterzellen erhuelen sech nët. Ech krut Pëllen fir de Blutdrock verschriwwen an ech soll nët ze vill Salzen an Eewäiss vun den Déiren zou mer huelen, well deen sech op den Filterzellen oflagert an d’Zellen doduerch nach éischter stierwen, an dass ech domat rechnen muss, dass an +/- 10 Joer ech an d’Dialyse misst goen.

Eigentlech ass et mer dono awer gutt gaang. Ech wor nach fit bis Ugangs 2007. Vun do un ass et rapid de Bierg of gaang. Duerch d’Vergëftung am Kierper wor ech ëmmer midd an d’Iessen huet mech ugeekelt. Ech wor schon nët déck, hunn dunn och nach 5kg ofgeholl. Den 19 Juli 2007, nodeems ech am Juni mäin Shunt gesat kritt hunn, wor du mäin éischten Dag an der Dialyse, et geet een mat Angscht dohinn. Waat passéiert mat mir? Wéi geet et weider? …No deenen éischten 3 Kéieren geet et engem zeguer besser an der Dialyse, well d’Blut rem gebotzt ass. Et ass wéi wann e groen Schleier vun engem géif falen. Mee deen Regime, keen Salz, nët ze vill Kalium, nët ze vill Phosphore (an deenen Saache wou kee Kalium ass, ass Phosphore an emgedréint), nët ze vill drénken (500ml plus daat waat nach ausgescheet gëtt). Wann d’Nier och nët méi d’Blut wäscht, si produzéiert awer nach ëmmer Urin a mat der Zäit geet daat ëmmer méi zréck, also duerf een ëmmer manner drénken; wat ee manner duerf drénken, wat ee mei Duscht huet.

Um Kierchbierg am Spidol hu se zu deem Zäitpunkt mat der Owesdialyse ugefaangen an sou konnt ech nach zu 90% schaffen goen. Am Ufank ass ee jo och nach optimistesch an et seet een sech: Daat packs du. Während deenen éischten Méint sinn dunn déi sämtlech Tester gemaach ginn, fir dass ech op d’Lëscht kéint kommen fir transplantéiert ze ginn. Ech hu mech fir Lëtzebuerg entschëed. Vum Dr. Lamy hat ech just Guddes héieren. Dunn am Dezember wor et sou wäit, ech wor bei Eurotransplant gelëscht.

Am März 2008 gung nuets géint 2 Auer den Telefon, et wier eng Nier do fir mech, op ech déi wëllt unhuelen? Ech sollt moies em 7 Auer am CHL sinn. Wat fir eng Fro, natierlech sot ech jo. Dir kënnt iech jo firstellen, dass een do guer nët méi kann un schlofen denken an engem 100dausend Saachen duerch de Kapp ginn. Mäi Mann an ech hunn d’Valiss ugefaangen ze paken an woren ganz hibbelig. Em 5 Auer geet den Telefon erem: “et deet eis Leed, mee et sinn Tumorzellen beim Spender fonnt ginn. Mir mussen dat ofsoen, déi Organer duerfen nët transplantéiert ginn”. Irgendwéi wor ech geschockt an och erléist. Besser esou wéi dass ech herno och nach en Tumor hunn, duercht ech.

Vun do un wor meng Valiss gepak an ech hunn ugefaangen ze waarden. Wann den Telefon gaangen ass, sinn ech erféiert. Et kéinte jo d’Coordinateuren vun Luxtransplant sinn.

Am Dezember 2008 goung den Telefon em 11 Auer owes: Et ass eng Nier do, mee et sinn 2 Persounen kompatibel, an Dir sidd Nummer 2 . Wann den anere Patient keng Anticorpsën huet, kritt hien se, mee Dir musst an d’Spidol kommen an dir gitt virbereed wéi wann der géift transplantéiert ginn. An sou wor et. Ech hunn déi ganz Analysen matgemeet a mëttes em 4 Auer sinn ech dunn gewuer ginn, dass deen anere Patient d’Nier géif kréien an ech konnt heem goen.

Natierlech souz ech dono nach vill mei op der Lauer.

Den Dr. Lamy huet 2009 opgehalen mat Operéiren ech hu mech dunn missen entscheeden, wouhinn ginn ech? Dann lo op Bréissel oder op Léck? Ech hu mech fir Bréissel entscheed. An dat goung dunn och zimlech séier bis ech do op der Lëscht wor, well mengen Analysen, déi ech hei zu Lëtzebuerg gemeet hunn, hu si och ugeholl.

2010 si 9 Patienten aus dem Kierchbierger Spidol transplantéiert ginn. Ech wor nët dobäi, an dat setzt engem immens zou. Ech wor richteg frustréiert a rosen, konnt nët aus dem Alpdraam eraus. An ech hu gewaart. Mëttlerweil hunn ech d’Dialyse och nët méi sou gudd verdroen. Ech hat vill Kappwéi no der Dialyse, ech wor ëmmer midd, virun allem eidel am Kapp, ech wosst déi Deeg no der Dialyse keng Telefonsnummer méi, d’Nimm si mer nët méi agefall, meng Aarbecht op der Bank huet drënner gelidden, ech hu misse reduzéieren op 50%. Ech hunn ëmmer méi laang gebraucht fir mech, sief et vun der Dialyse oder vun dem bëssi Sport deen ech nach konnt maachen, ze erhuelen. Mee déi Middegkeet ass am schlëmmsten gewiescht. Ech wor näischt méi wäert. Mäi beschten Dag an der Woch wor sonndes. D’Vakanzen woren genauso vun der Dialyse geprägt wéi den Alldag. D’Liewensqualitéit huet ëmmer méi ofgeholl. Ech hu mech fir alles missen zesummerappen. No deenen 4 Stonnen Dialyse fillt een sech wéi wann een e Marathon gelaf wier, an dat 3mol d’Woch.

Mäi Mann huet mech immens ënnerstëtzt. Ech wees nët, wéi ech et gemaach hätt ouni hien.

Dunn endlech, et hunn 2 Wochen gefeelt fir 5 Joer Dialyse, den 04.07.2012 ass den laang ersehntenen Telefon mëttes em 12 Auer komm, et wier eng Spendernier fir mech do zu Bréissel. Ech kéint mer awer Zäit loossen, et wieren nach 3 Transplantatiounen viru mir, ech wir dat läscht. Em 5 Auer wore mer am Spido. D’Analysen si gemaach ginn an owes em 11 Auer wor ech prett fir an den OP. An em 3 Auer moies wor ech rem waakreg.

Meng Spendernier huet am Ufank e bëssi geschlof. Si huet wuel Urin produzéiert, mee si huet nach nët gebotzt. Lues a lues huet se ugefaang mat schaffen, an no 2 Wochen konnt ech dunn aus dem Spidol eraus.

Mäi Liewen huet sech rem normaliséiert. Ech kann rem alles iessen, an ech muss suguer vill drénken. Ech si rem vill méi aktiv. Ech spillen rem Golf. Ee Joer no der Transplantatioun packen ech 18 Lächer ouni vun de Been ze falen vu Middegkeet. Mir falen owes em 8 Auer d’An nët méi zou. Ech hu meng Fräiheet erem, ech muss nët méi 3mol an der Woch 4 Stonnen an der Dialyse ugestréckt ginn un enger Maschinn. Ech genéissen mäi neit Liewen… an kucken ganz villes mat aneren An a kann mech u Klengegkeeten erfreeën déi mir virdrunn ni sou bewosst woren. An nach eppes, et ass nët nëmmen de Patient, deen dorënner leid, d’Famill ass genau sou betraff. Och si liewen déi ganz Zäit niewendrun, leiden mat, a kënnen nët hëllefen.

Ech denken all Dag u mäi Spender. Ech soen him all Dag Merci. Ech géif alles maachen fir hien an seng Famill. Déi Persoun an och seng Famill hu mir um Dag vu sengem Doud e sou een Wahnsinns Geschenk gemaach. Bis dohin hat ech a mengem Liewen nach ni esou eng grouss an onbeschreiwleg Dankbarkeet vis à vis vun engem Mensch empfond. Duerfir soen ech all den Spenderfamilljen vu ganzem Häerzen e grousse Merci fir desen onbeschreiwleche Kado.

Vous souhaitez nous soutenir ?